
Den Ivan Garcia Cortina konnt déi 3. Etapp iwwerraschend am Sprint vum dräifache Weltmeeschter Peter Sagan gewannen. De Bob Jungels ass als 39. mat engem Retard vun 3 Sekonnen iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer, de Jempy Drucker gëtt de 70. op 1 Minutt an 53 Sekonnen an den Alex Kirsch den 83. op 4 Minutten an 33 Sekonnen.
Am General bleift weiderhin de Maximilian Schachmann un der Spëtzt, dat mat 13 Sekonnen Avance op den Gicomo Nizzolo a 24 Sekonnen op de Jasper Stuyven. Hei ass de Bob Jungels de 40. op 4 Minutten a 34 Sekonnen. De Jempy Drucker läit op der 62. Plaz mat engem Réckstand vun 8 Minutten an 49 Sekonnen an den Alex Kirsch ass den 106. op 19 Minutten an 48 Minutten.
Et sollt ee ganz laangen Dag gi fir den Tom Devriendt vu Circus Wanty Gobert. De Belsch konnt sech nämlech no nëmme 4 Kilometer vum Peloton ofsetzen a vun do un eleng ënnerwee. Et wollt kee sech dem Devriendt uschléissen an esou huet hien et op eege Fauscht probéiert. De Peloton huet dem Belsch dann och bis zu 9 Minutten Avance ginn, ma ee Coureur eleng ass liicht ze geréiere fir de grousse Peloton.
No bal 190 Kilometer un der Spëtzt gouf den Devriendt 26 Kilometer virun der Arrivée nees ageholl. Dono hu sech dunn nees divers Ekippen vir un d’Spëtzt gesat, dorënner virun allem d’Ekippe vun a mat de Lëtzebuerger, deemno Deceuninck Quick-Step mam Bob Jungels, Trek-Segafredo mam Alex Kirsch an och Bora-hansgrohe mam Jempy Drucker. Doduerch ass de Peloton dann och ëmmer méi kleng ginn.
Schlussendlech koum et dann nawell zu engem Massesprint, wou sech den Ivan Garcia Cortina virum Peter Sagan an dem Andrea Pasqualon duerchsetze konnt. Kuerz virun der Arrivée war ënnert anerem de Sam Bennett an eng Chute involvéiert.
1 IVAN GARCIA CORTINA (BAHRAIN - MCLAREN) 05H 49' 55'’
2 PETER SAGAN (BORA - HANSGROHE) -
3 ANDREA PASQUALON (CIRCUS - WANTY GOBERT) -
4 CEES BOL (TEAM SUNWEB) -
5 NACER BOUHANNI (TEAM ARKEA - SAMSIC) -
6 RUDY BARBIER (ISRAEL START-UP NATION) -
7 ANTHONY TURGIS (TOTAL DIRECT ENERGIE) -
8 GIACOMO NIZZOLO (NTT PRO CYCLING TEAM) -
9 MADS SCHMIDT WÜRTZ (ISRAEL START-UP NATION) -
10 OLIVER NAESEN (AG2R LA MONDIALE) -
1 MAXIMILIAN SCHACHMANN 37 BORA - HANSGROHE
2 GIACOMO NIZZOLO 121 NTT PRO CYCLING TEAM 12'’
3 JASPER STUYVEN 7 TREK - SEGAFREDO 24'’
4 MADS SCHMIDT WÜRTZ 137 ISRAEL START-UP NATION 25'’
5 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA 101 EF PRO CYCLING 26'’
6 NILS POLITT 131 ISRAEL START-UP NATION 28'’
7 KRISTS NEILANDS 136 ISRAEL START-UP NATION 28'’
8 FELIX GROSSSCHARTNER 34 BORA - HANSGROHE 31'’
9 VINCENZO NIBALI 6 TREK - SEGAFREDO 31'’
10 PETER SAGAN 31 BORA - HANSGROHE 36'’