Eng Woch bis d'WMGeneralprouf fir d'Lëtzebuerger Cyclocrossfuerer zu Hoogerheide

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Joer war zu Hoogerheide an Holland d'Weltmeeschterschaft am Cyclocross, dëst Joer ass hei d'Generalprouf fir d'WM zu Tabor an Tschechien.
8 Lëtzebuerger beim Weltcup zu Hoogerheide um Depart
Et ass dee leschten Test virun der WM den nächste Weekend zu Tabor.

D’Lëtzebuerger Vëlosfederatioun huet 8 Athleeten an Athleetinne fir de leschte Weltcup vun der Saison selektionéiert. Fir verschiddener ënnert hinne geet et zu Hoogerheide nach ëm d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft, déi den nächste Weekend zu Tabor an Tschechien gefuer gëtt.

Mam Marie Schreiber an dem Liv Wenzel ginn e Sonndeg zwou Lëtzebuergerinne bei den Dammen un den Depart. D’Gwen Nothum start bei de Juniorinnen. Bei den Hären huet d’FSCL mam Jonah Flammang-Lies, dem Yannis Lang, dem Rick Meylender, dem Lennox Papi an dem Lenn Schmitz fënnef Juniore gemellt.

De Jempy Drucker um Mikro vum Tom Flammang
De Lëtzebuerger Nationaltrainer schwätzt iwwert de Circuit beim Weltcup zu Hoogerheide an och iwwert d’Konkurrenz vum Marie Schreiber.

No de Courssen e Sonndeg zu Hoogerheide wäert d’FSCL hir Selektioun fir d’WM maachen. Déi gëtt dann en Dënschdeg op enger Pressekonferenz public gemaach.

Sécher bei der WM mat dobäi ass d’Marie Schreiber. Si huet Chancen op eng Medail. Bei der EM hat si sech hannert dem Zoe Backstedt Sëlwer geséchert. D’Course vun den U23-Damme bei der WM kënnt Dir e Sonndeg, de 4. Februar vun 12.35 Auer u live op RTL suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO