Tour duerch d'AlgarveGesbert wënnt lescht Etapp, Rodrigues séchert sech de General

RTL Lëtzebuerg
No 5. Etappen duerch d'Algarve a Portugal konnt sech de Lokalmatador João Rodrigues d'Victoire vum Tour sécheren.
© Twitter @VoltAlgarve

Déi 5. a leschten Etapp vun der 47. Editioun vum Tour duerch d’Algarve iwwer gutt 170 Kilometer vun Albufeira op Malhão gouf vum Fransous Élie Gesbert am Sprint virum João Rodrigues gewonnen. Drëtte gouf de Joni Brandão mat engem Réckstand vun 9 Sekonnen.

Am General konnt sech de João Rodrigues duerch seng zweete Plaz am General un d’Spëtzt setzen. De Portugis konnt sech hei géint de Britt Ethan Hayter duerchsetzen

Aus Lëtzebuerger Sicht war de Kevin Geniets mat um Depart. De Lëtzebuerger gouf um Sonndeg de 75. mat gutt 7 Minutte Retard op de Vainqueur. Am General gouf hien um Enn de 85. mat iwwer 25 Minutte Réckstand.

D’Top10

1 GESBERT ÉlieTeam Arkéa Samsic 304:10:10
2 RODRIGUES JoãoW52 / FC Porto 18,,
3 BRANDÃO JoniW52 / FC Porto 120:09
4 LASTRA JonathanCaja Rural - Seguros RGA 70:11
5 ANTUNES AmaroW52 / FC Porto 40:15
6 SILVA JoaquimTavfer-Measindot-Mortágua 30:17
7 PRODHOMME NicolasAG2R Citroën Team 20:18
8 ASGREEN KasperDeceuninck - Quick Step 10:19
9 HENAO SebastiánINEOS Grenadiers 0:21
10 HAYTER EthanINEOS Grenadiers ,,

De General

1 RODRIGUES JoãoW52 / FC Porto 15019:03:56
2 HAYTER EthanINEOS Grenadiers 1100:09
3 ASGREEN KasperDeceuninck - Quick Step 900:28
4 LASTRA JonathanCaja Rural - Seguros RGA 800:41
5 GESBERT ÉlieTeam Arkéa Samsic 700:44
6 GUERNALEC ThibaultTeam Arkéa Samsic 600:48
7 BOUET MaximeTeam Arkéa Samsic 551:13
8 HENAO SebastiánINEOS Grenadiers 501:27
9 BRANDÃO JoniW52 / FC Porto 451:40
10 NAVARRO DanielBurgos-BH 401:54

Back to Top
CIM LOGO