
Beim Tour Down Under ass et e Samschdeg op der 5. Etapp iwwer 149 Kilometer vun Glenelg op Victor Harbor gaangen. Um Enn ass d’Decisioun ëm d’Victoire am Sprint gefall. Hei hat den Italiener Giacomo Nizzolo d’Nues vir. Op d’Plazen 2 an 3 si säi Landsmann Simone Consonni an den Ir Sam Bennett gefuer.
De Michel Ries an de Ben Gastauer sinn als 62. respektiv 63. op 2 Minutten an 2 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.
Am General huet de Südafrikaner Daryl Impey d’Féierung iwwerholl. Hien huet virun der leschter Etapp e Virsprong vun 2 Sekonnen op den Australier Richie Porte.
De Ben Gastauer läit op der 76. Plaz mat engem Réckstand vun 8 Minutten a 40 Sekonnen, de Michel Ries ass den 105. op 17 Minutten a 7 Sekonnen.
1 Giacomo Nizzolo (Ita) NTT Pro Cycling Team 3:32:45
2 Simone Consonni (Ita) Cofidis 0:00:00
3 Sam Bennett (Irl) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
4 Michael Mørkøv (Den) Deceuninck - Quick Step 0:00:00
5 Jasper Philipsen (Bel) UAE Team Emirates 0:00:00
6 André Greipel (GER) Israel Start-Up Nation 0:00:00
7 Kristoffer Halvorsen (Nor) EF Pro Cycling 0:00:00
8 Caleb Ewan (Aus) Lotto Soudal 0:00:00
9 Fabio Felline (Ita) Astana Pro Team 0:00:00
10 Daryl Impey (RSA) Mitchelton - Scott 0:00:00
1 Daryl Impey (RSA) Mitchelton - Scott 17:12:15
2 Richie Porte (Aus) Trek - Segafredo 0:00:02
3 Rob Power (Aus) Team Sunweb 0:00:09
4 Simon Yates (GBr) Mitchelton - Scott 0:00:13
5 George Bennett (NZl) Team Jumbo - Visma 0:00:16
6 Diego Ulissi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:17
7 Simon Geschke (GER) CCC Team 0:00:17
8 Rohan Dennis (Aus) Team Ineos 0:00:17
9 Dylan Van Baarle (Ned) Team Ineos 0:00:17
10 Lucas Hamilton (Aus) Mitchelton - Scott 0:00:25