Europameeschterschaft am CyclissemGiacomo Nizzolo séchert sech d'Goldmedail, Tom Wirtgen gëtt 23.

RTL Lëtzebuerg
Den Italiener huet sech no 177 Kilometer zu Plouay am Sprint virum Arnaud Démare an dem Pascal Ackermann duerchgesat.
© AFP (Archiv)

Bei der Europameeschterschaft am Cyclissem gouf e Mëttwoch an der Course en Ligne deen neien Europameeschter bei der Elite gesicht. No 177 Kilometer konnt sech den Giacomo Nizzolo d’Goldmedail sécheren. Den Italiener huet sech am Sprint virum Fransous Arnaud Démare an dem Däitsche Pascal Ackermann behaapt.

Den Tom Wirtgen ass als beschte Lëtzebuerger mam Spëtzegrupp ukomm an huet sech als 23. klasséiert. De Jan Petelin hat als 86. e Retard vun 8 Minutten a 25 Sekonnen.

Um Mëttwoch gouf och d’Dammecourse bei den U23 gefuer. Hei war den Titel um Enn fir d’Elisa Balsamo aus Italien. Si huet sech am Sprint virum Lonneke Uneken aus Holland an dem Emma Norsgaard aus Dänemark duerchgesat. D’Nina Berton huet sech als 44. op 1 Minutt an 33 Sekonne klasséiert an d’Claire Faber hat als 46. e Retard vun 1 Minutt an 42 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO