ItalienGiulio Ciccone wënnt Trofeo Laigueglia

RTL Lëtzebuerg
Bei der 57. Editioun vun der italienescher Eendagescourse kënnt de Ben Gastauer op déi 52. Plaz.

Zu Laigueglia an Italien ass um Sonndeg den 202 Kilometer laange Klassiker gefuer ginn, deen 2005 de Kim Kirchen gewanne konnt. Och dëst Joer ass mam Ben Gastauer nees e Lëtzebuerger un den Depart gaangen.

Den Italiener Giulio Ciccone huet sech bei der Trofeo Laigueglia d’Victoire geséchert. Op de Podium kommen nach de Biniam Hailu aus dem Eritrea an den Diego Rosa aus Italien, béid Coureure mat engem Retard vun 32 Sekonnen.

De Ben Gastauer kënnt mat engem Retard vun 9 Minutten an 51 Sekonnen op déi 52. Plaz.

D’Top10

1 CICCONE Giulio (ITA) ITALIA 5:10:27
2 HAILU Biniam (ERI) NIPPO DELKO PROVENCE 0:00:32
3 ROSA Diego (ITA) TEAM ARKEA - SAMSIC 0:00:32
4 VENDRAME Andrea (ITA) AG2R LA MONDIALE 0:01:17
5 ROTA Lorenzo (ITA) VINI ZABU’ KTM 0:01:17
6 SHALUNOV Evgeny (RUS) GAZPROM - RUSVELO 0:01:17
7 GABBURO Davide (ITA) ANDRONI GIOCATTOLI - SIDERMEC 0:01:21
8 TIZZA Marco (ITA) AMORE E VITA - PRODIR 0:01:48
9 KRON Andreas Lorentz (DEN) RIWAL READYNEZ CYCLING TEAM 0:01:55
10 CONCA Filippo (ITA) BIESSE ARVEDI 0:01:55

Back to Top
CIM LOGO