
De Rekord-Etappegewënner Mark Cavendish huet iwwerdeems verroden, dass den Tour de France och nach duerch England a Wales fuere wäert, éier et a Frankräich geet.
Schonn 2014 war de Grand Départ a Groussbritannien. 2027 wäert déi fënnefte Kéier sinn, dass de Start vum Tour de France vun den Hären a Groussbritannien ass, fir d’Dammen ass et iwwerdeems eng Première.