Franséisch MedienGrand Départ vum Tour de France soll den 29. August zu Nice sinn

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Zeitung "Le Dauphiné" an de franséischen Noriichtesender Franceinfo hunn dëst en Dënschdeg den Owend gemellt.

Wann de “Grand Départ” vum Tour de France den 29. August zu Nice wier, da géif dat et de Coureuren erlaben, d’Preparatiounscoursse, wéi de Critérium du Dauphiné, virdrun ze fueren. Och dat ass eng Course, déi, genee wéi den Tour de France, vun der ASO organiséiert gëtt.

D’Arrivée vum Tour de France zu Paräis wier den 20. September. An deene Woche gëtt am Prinzip och ëmmer d’Vuelta a Spuenien gefuer.

Generell ass d’Zeitung “Le Dauphiné” a Saache Cyclissem ëmmer gutt informéiert.

Back to Top
CIM LOGO