
Um Donneschdeg gouf déi mat 227 Kilometer längsten Etapp gefuer. Hei konnt sech den Eduard-Michael Grosu duerchsetzen, virum Yves Lampaert an dem Arnaud Démare. De Bob Jungels hat als 28. 9 Sekonne Réckstand op de Gewënnergrupp.
Am Generalklassement läit den Yves Lampaert un der Spëtzt, 3 Sekonne virum Stefan Küng an 13 virum Kamil Gradek. De Bob Jungels huet als 4. e Retard vun 20 Sekonnen, an domadder just 1 Sekonn Virsprong op de 5. Tom Bohli.
Op der zweetleschter Etapp e Freideg geet et iwwer 200,6 Kilometer vu Ruzomberok op Hlohovec. Hei erwaarden d’Coureuren 3 Bierger vun der 2. Kategorie.
1 Yves Lampaert (Bel) Deceuninck - Quick Step 9:17:31
2 Stefan Küng (SUI) Groupama - FDJ 0:00:03
3 Kamil Gradek (Pol) CCC Team 0:00:13
4 Bob Jungels (Lux) Deceuninck - Quick Step 0:00:20
5 Tom Bohli (SUI) UAE Team Emirates 0:00:21
6 Arnaud Démare (Fra) Groupama - FDJ 0:00:22
7 Matthias Brändle (AUT) Israel Cycling Academy 0:00:24
8 Gijs Van Hoecke (Bel) CCC Team 0:00:26
9 Erik Baska (Svk) Bora - Hansgrohe 0:00:26
10 Jan Bárta (Cze) Elkov - Author 0:00:27