2. Editioun vum Bike FestivalGrouss a kleng Vëlos-Begeeschterter koumen op hir Käschten

RTL Lëtzebuerg
Zu Zéisseng ass dëse Weekend um Bike Festival fir all Alterskategorie eppes derbäi.
2. Editioun vum Bike Festival zu Zéisseng
Kleng a grouss Vëlos-Begeeschterter kommen dëse Weekend zu Zéisseng op hir Käschten.

E Sonndeg ass et éischter fir déi Grouss iwwerdeems sech e Samschdeg zu Zéisseng op d’Jugend konzentréiert gouf. Déi méi eeler konnten hiert d’Kënnen op engem flotten an ofwiesslungsräichen Circuit ënner Beweis stellen.

Bei dëser 2. Editioun ginn et ënner anerem zwou Neierungen. An Zesummenaarbecht mam Andy Schleck gouf ee speziellen Challenge organiséiert an e Sonndeg stinn zwou Randonnéeën iwwer 40 respektiv 60 Kilometer a Richtung Süden an nees zeréck op Zéisseng um Menü.

Donieft ass och e klengen Occasiounsmaart vu Vëloen: rezent a méi eeler Stroossen- a Mountainbikë ginn ugebueden.

Et ginn natierlech och fir all Alterskategorie Coursen organiséiert. Déi e bësse méi Grouss sinn e puer Ronnen op deem grousse Circuit em d’Medaile gefuer an hei gouf sech näischt geschenkt. Déi ganz Kleng waren op engem klenge Circuit ënnerwee. Si hu sech richteg gutt dru ginn, ugefeiert vun hiren Elteren an anere Leit.

A vläicht ass hei jo de Weltmeeschter vu muer ënnerwee.

Back to Top
CIM LOGO