
De Lëtzebuerger hat um Enn ee Retard vun 2 Minutten an 2 Sekonnen op de Gewënner Mikkel Berg aus Dänemark. Duerch de ville Reen op der Streck huet de Kevin Geniets vill Zäit an den Descentë verluer, anerwäerts wier wuel eng Top-10-Placéierung dra gewiescht.
Vill aner Coureure si wären dem Zäitfuere gefall, well ze vill Waasser op de Stroosse stoung.
Bei der Elite bei den Damme konnt sech am Zäitfueren d’Amerikanerin Chloe Dygert-Owen iwwer de Weltmeeschtertitel freeën. Si gewënnt mat 1 Minutt an 33 Sekonnen Avance op d’Anna van der Breggen aus Holland a mat 1 Minutt a 54 Sekonne Virsprong op d’Titelverdeedegerin Annemiek van Vleuten.