An 12 Profijoer ass dem Alex Kirsch bis ewell nach keng Victoire gegléckt, ma hien ass ee ganz wichtegt Puzzelstéck, datt d’Ekipp hir Erfolleger huet.
Datt den 30 Joer ale Vëlosfuerer seng Aarbecht esou gutt ka maachen, huet och mat sengem Privatliewen ze dinn. D’Hallschent vu sengem Liewen ass d’Sophie schonns u senger Säit, ënnerstëtzt hie wärend senge Courssen an doheem këmmere sech déi zwee zesummen ëm hir zwee kleng Kanner. Doheem ass zanter knapps zwee Joer Andorra. Elo, wou d’Kanner nach net an d’Schoul ginn, huet d’Koppel nach emol eppes Neies wollte kenneléieren. Si hunn eis dat neit Doheem gewisen an zielen, wéi si hire Spagat tëschent Leeschtungssport a Familljeliewe packen. An zielen awer och, wéi dat heiansdo och beim allerbeschte Wëllen net klappt.
RTL-Artikel: Virschau: Christine Majerus an Alex Kirsch um Depart vu Paris-Roubaix