Skoda Tour de Luxembourg: 4. EtappHerrada wënnt déi lescht Etapp an de General

RTL Lëtzebuerg
Och op der leschter Etapp konnt sech de Jesus Herrada um Pabeierbierg duerchsetzen a gewënnt domadder och de General. Pit Leyder gëtt den 12. am General.

Laang war eng Echappée op der 4. Etapp iwwer 176 km vu Miersch an d’Stad vun 8 Coureuren ënnerwee déi sech um Kilometer 50 ofgesat haten mee de Virsprong sollt ni méi grouss wéi 3 Minutten sinn a soumat hat de Peloton d’Course ëmmer ënner Kontroll. Am Schluss war et d’Ekipp vu Wanty déi Tempo gemaach huet. Am Pabeierbierg gouf vill attackéiert an et war spannend ween dës Etapp wäert gewannen.

An de leschte Meteren war et dunn de Leader selwer, Jesus Herrada, deen attackéiert huet an dës Etapp dann och gewanne konnt virum Jonathan Hivert an dem ganz staarken Pit Leyder. Domadder huet d’Ekipp Cofidis an dësem Tour de Luxembourg 4 vu 5 Etappen gewonnen. Och de Kevin Geniets hat eng staark Prestatioun gewisen a gouf den 13..

Am General sëtzt sech soumat de Jesus Herrada mat engem Virsprong vu 25 Sekonnen op de Maurits Lammertink duerch. Drëtten gëtt den Andrea Pasqualon mat engem Retard vu 36 Sekonnen. Bëschte Lëtzebuerger gëtt de Pit Leyder mat der 12. Plaz op 1 Minutt an 20 Sekonnen.

De Pit Leyder um Mikro vum Jana Peters

Den Organisateur Andy Schleck huet e positive Bilan vun der 79. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg gezunn. Iwwert déi 5 Deeg huet een op de Lëtzebuerger Stroossen eng ganz spannend Course gesinn an dat ouni gréisser Tëschefäll.

Den Andy Schleck um Mikro vum Jana Peters

VIDEO: Herrada wënnt déi lescht Etapp an de General
Och op der leschter Etapp konnt sech de Jesus Herrada um Pabeierbierg duerchsetzen a gewënnt domadder och de General. Pit Leyder gëtt den 12. am General.

PDF: Klassement vun der 4. Etapp an de General

Back to Top
CIM LOGO