Eng Echappée konnt sech am Ufank vun der Etapp opsetzen, ma si goufe scho fréi an der Etapp agefaangen. Dat huet dann dozou gefouert, datt vill aner Coureure probéiert hunn, fir sech aus dem Peloton ofzesetzen. An eng zweet Echappée konnt och de Bob Jungels sprangen. Deen huet fir säi Leader geschafft an huet eng 30 Kilometer virun der Arrivée misste lassloossen. Zum selwechten Ament huet sech de Marc Hirschi un der Spëtzt konnten eleng ofsetzen. Fir de Schwäizer sollt sech dës Attack lounen. Zum Schluss vun der Etapp ass hien als Gewënner iwwert d’Arrivée gefuer.
Am Generalklassement huet sech näischt geännert, do ass de Roglic weider virum Bernal an dem Martin.
De Bob Jungels ass en Donneschdeg als 86. op knapp 13 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. Am General ass de Lëtzebuerger de 55. op eng Stonn an 11 Minutten.
Vill Coureure wollten op dësem Dag an d’Echappée, esou datt direkt nom Start attackéiert gouf. Et huet e puer Attacke gedauert, bis sech eng Grupp vu 4 Leit, dorënner den Nils Politt an de Luis Leon Sanchez, konnten ofsetzen. Esou wierklech séier fort koume si net, well am Peloton nach verschidden Ekippe waren, déi nach e Coureur an d’Echappée wollte kréien. Tëscht dem Sprint, deen den Nils Politt konnt gewannen a wou de Sam Bennett dee Séierste vum Peloton war, an der éischter Montée konnten, an der éischter Montée vum Dag konnten den Asgreen an de Burgaudeau nach op d’Echappée opschléissen. Ëm déi 2 Minutten Avance haten déi elo 6 Leit un der Spëtzt zu deem Ament. Hir Avance konnte si nach e bëssen ausbauen, esou hate si 136 Kilometer virun der Arrivée 2 Minutten an 30 Sekonnen Avance.
Dono ass hir Avance awer lues erofgaangen. 99 Kilometer virun der Arrivée hate si nach 2 Minutten a 7 Sekonnen op de Peloton, dat direkt virun der zweeter Montée vum Dag, wou sech de Mathieu Burgaudeau, wéi och op der éischter Montée, den eenzege Punkt konnt sécheren. No dëser Montée huet CCC a Bora am Peloton weider Tempo gemaach a lues awer sécher de 6 Leit un der Spëtzt Sekonn ëm Sekonn ofgeholl. 66 Kilometer virum Zil louch d’Avance bei nach knapp enger Minutt.16 Kilometer méi wäit war de Virsprong nach däitlech méi kleng ginn, esou datt sech am Peloton nees Nervositéit breet gemaach huet, well nees nei Coureuren hir Chance gesinn hunn, fir sech ofzesetzen. Och d’Echappée aus Ausernee gefall a just nach den Asgreen an den Erviti waren un der Spëtzt. Ma och si hunn et net laang vir ausgehalen. Si goufe vu Coureuren, déi sech ofgesat haten, agefaangen an iwwerholl. Op der drëtter Biergwäertung waren du Soler, Kragh Andersen, Schachmann, Benoot, Hirschi a Pacher un der Spëtzt.
Hannert hinnen eng weider Grupp mat 13 Coureuren, dorënner de Lëtzebuerger Bob Jungels. 30 Kilometer virun der Arrivée hat dës Grupp 16 Sekonne Retard op d’Spëtzt an 28 Sekonnen Avance op de Peloton. Och dee war net méi komplett, vill Coureuren dorënner de Sam Bennett hu misste lassloossen. Och den Alejandro Valverde huet den Uschloss verluer, dat wéinst engem Defekt. De Bob Jungels, dee quasi eleng an dëser Grupp Tempo gemaach huet, huet eng 28 Kilometer virun der Arrivée an am Ufank vun der Montée vun der zweeter Kategorie misste lassloossen. Hien hat fir säi Kapitän, deen och an där Grupp war, geschafft, fir deem e klenge Virsprong erauszefueren. Zu deem deem Ament huet den Hirschi un der Spëtzt attackéiert an déi aner 5 Coureure stoe gelooss.
20 Kilometer virun der Arrivée war den Hirschi nach ëmmer eleng un der Spëtzt, dat 35 Sekonnen op den Duo Schachmann/Soler an 55 Sekonnen op de Grupp Alaphilippe. Knapp 2 Minutten hat hien zu deem Moment op de Peloton. De Grupp Alaphilippe konnt déi zwee Leit viru sech nach afänken, ma den Hirschi un der Spëtzt konnt sech ëmmer weider ofsetzen. 6 Kilometer virun der Arrivée hat hien bal 50 Sekonnen op déi Grupp a knapp iwwer 2 Minutten op de Peloton. Den Ecart ass e bëssi méi kleng nach ginn, ma et sollt fir de Schwäizer awer duergoen, dee sech, no enger knapper Néierlag op der 9. Etapp, iwwert seng éischte Victoire am Tour de France konnt freeën. Op Plaz 2 kënnt de Pierre Rolland, Drëtte gëtt de Soren Kragh Andersen.
De Primoz Roglic ass am Peloton iwwert d’Arrivée gefuer. Hie bleift am General virop an huet weiderhin e Virsprong vun 21 Sekonnen op den Egan Bernal an 28 Sekonnen op de Guillaume Martin.
De Bob Jungels hat um Donneschdeg als 86. e Retard vu knapp 13 Minutten. Am General ass de Lëtzebuerger de 55. op eng Stonn an 11 Minutten.
1 Marc Hirschi TEAM SUNWEB 5h08'49'’
2 Pierre Roland B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM +00'47'
3 Soren Kragh Andersen TEAM SUNWEB 00'52'
4 Quentin Pacher B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM +00'52'
5 Jesus Herrada COFIDIS +00'52'
6 Maximilian Schachmann BORA - HANSGROHE +00'52'
7 Hugo Houle ASTANA PRO TEAM +00'52'
8 Sébastien Reichenbach GROUPAMA - FDJ +00'52'
9 Kenny Elissonde TREK - SEGAFREDO +00'56'
10 Nicolas Roche TEAM SUNWEB +00'56'
...
86. Bob Jungels DECEUNINCK - QUICK - STEP +12'58'’
1 Primož Roglic (Slo) Team Jumbo - Visma 51h26'46'’
2 Egan Bernal (Col) Ineos Grenadiers +0h00'21'’
3 Guillaume Martin (Fra) Cofidis +0h00'28'’
4 Romain Bardet (Fra) AG2R La Mondiale +0h00'30'’
5 Nairo Quintana (Col) Team Arkéa - Samsic +0h00'32'’
6 Rigoberto Uran (Col) EF Pro Cycling +0h00'32'’
7 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates +0h00'44'’
8 Adam Yates (GBr) Mitchelton - Scott +0h01'02'’
9 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team +0h01'15'’
10 Mikel Landa (Esp) Bahrain - McLaren +0h01'42'’
...
55. Bob Jungels (LUX) Deceuninck - Quick - Step +1h10'56'’