Tour de France FemmesHollännerin Lorena Wiebes wënnt 3. Etapp

RTL Lëtzebuerg
Op der drëtter Etapp vum Tour de France Femmes gëtt et no 163,5 Kilometer zu Angers eng Victoire am Sprint aus engem klenge Grupp eraus vum Lorena Wiebes.
© JULIEN DE ROSA/AFP

D’Lorena Wiebes aus Holland wënnt virun hirer Kompatriotin Marianne Vos an der Neiséilännerin Ally Wollaston.

Am Generalklassement ass d’Vos elo Éischt, 6 Sekonne virum Kim Le Court Pienaar aus Mauritius, déi hire Maillot als Leaderin verluer huet. Op der drëtter Plaz kënnt d’Franséisin Pauline Ferrand Prévot op 12 Sekonnen.

Bei dësem Tour ass keng Lëtzebuergerin dobäi.

Back to Top
CIM LOGO