E3 Saxo Bank ClassicImpressionnant Victoire fir de Kasper Asgreen

RTL Lëtzebuerg
Den Dän konnt sech en solitaire behaapten. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Florian Sénéchal an de Mathieu van der Poel gefuer.
E3 - Impressionnant Victoire fir de Kasper Asgreen
Den Dän konnt sech en solitaire behaapten. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Florian Sénéchal an de Mathieu van der Poel gefuer.

E Freideg stoung an der Belsch déi 64. Editioun vun der E3 Saxo Bank Classic um Programm. No ganz intensiven 203,9 Kilometer a 17 Bierger ronderëm Harelbeke huet sech de Kasper Asgreen d’Victoire geséchert. Den Dän hat um Enn e Virsprong vun 32 Sekonnen op säi Coequipier vun Deceuninck-Quick-Step Florian Sénéchal an de Mathieu van der Poel vun Alpecin-Fenix.

D’Decisioun ass um Enn aus engem Grupp vu siwe Coureuren eraus gefall. Mat dobäi waren hei nach de Kasper Asgreen, de Mathieu van der Poel, den Oliver Naesen, de Greg van Avermaet, den Zdenek Stybar, de Florian Sénéchal an den Dylan van Baarle. Eng 5 Kilometer virun der Arrivée huet den Asgreen déi decisiv Attack gesat a konnt sech vu senge Konkurrenten ofsetzen. No 203,9 Kilometer konnt hie sech verdéngt d’Victoire sécheren. Den Dän hat sech am Verlaf vun der Course schonn eng Kéier eleng un d’Spëtzt gesat, war dunn nees agefaange ginn a konnt sech duerch eng weider Attack e puer Kilometer virun der Arrivée du beim Semi-Kassiker duerchsetzen. Am Sprint ëm déi aner Plazen um Podium huet sech de Florian Sénéchal virum Mathieu van der Poel behaapt.

Fënnef Lëtzebuerger waren e Freideg bei der Course um Depart. Si haten näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn, eng 50 Kilometer virun der Arrivée war kee vun hinne méi am Haaptgrupp mat dobäi. Fir de Kevin Geniets an den Alex Kirsch waren et mat engem Retard vun zéng Minutten a 50 Sekonnen d’Plazen 61 an 62. De Jempy Drucker, den Tom Wirtgen an de Jan Petelin hunn opginn.

D’Klassement

Back to Top
CIM LOGO