
Net op der Lëscht vun de Coureuren, déi fir d’Ekipp vun Ineos Grenadiers un den Depart wäerte goen, steet de Bob Jungels. Op RTL-Nofro hin huet de Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere confirméiert, dass hien nëmmen an der Reserve wier. Hei den offizielle Kader fir den Tour 2025:
Ugefouert gëtt d’Team vum Kapitän Carlos Rodriguez a vum fréieren Tour-Gewënner Geraint Thomas. Ineos Grenadiers sinn dat Team, dat seng Ekipp fir den Tour de France 2025 als lescht presentéiert huet.