Wéinst Covid-19Internationale Cyclocross zu Conter annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi den ACC Contern offiziell matgedeelt huet, ass den Internationale Cyclocross Enn Oktober ofgesot.

De Veräin huet wären de Preparative mat Bedauere festgestallt, dass et onméiglech wier déi Course wéinst de strikte Corona-Mesuren ze organiséieren. Et wier ze schwéier auslännesch Spectateuren a Coureuren um Circuit ze begréissen.
De Cyclocross sollt den 31. Oktober sinn.

PDF: Schreiwes vum ACC Contern

Back to Top
CIM LOGO