Tour de l'Avenir: PrologIsabella Holmgren wënnt bei den Dammen, Paul Seixas bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen a bei den Häre stoung zum Optakt vum Tour de l'Avenir e Prolog um Programm.
© AFP

Hei gouf et zu Tignes en Eenzelzäitfueren iwwer ronn 3 Kilometer a mat 7,9% Steigung.

Bei den Dammen huet d’Kanadierin Isabella Holmgren der Konkurrenz keng Chance gelooss a sech mat iwwer 16 Sekonnen Avance behaapt.

Als bescht Lëtzebuergerin ass d’Marie Schreiber mat engem Retard vu ronn enger Minutt an 9 Sekonnen op déi 27. Plaz gefuer. D’Liv Wenzel (+1:25) huet sech als 37. klasséiert, d’Gwen Nothum (+1:47) huet et op déi 50. vu 96 Plaze gepackt.

Bei den Häre goung déi éischte Plaz knapp un de Fransous Paul Seixas, dee just e puer Honnertstel méi séier war wéi de Lorenzo Finn op Plaz 2.

Mat engem Retard vu 37 Sekonnen war den Arno Wallenborn op Plaz 35 beschte Lëtzebuerger. De Mil Morang (+1:28) ass den 107. ginn, de Mathieu Kockelmann (+1:30) den 113. an den Alexandre Kess (+1:36) den 120.. Den Noé Ury (+1:42) an de Mats Berns (+2:08) sinn iwwerdeems op d’Plazen 125 an 147 gefuer.

Back to Top
CIM LOGO