Cyclissem-WM DammenIwerraschend Victoire fir Magdeleine Vallieres

RTL Lëtzebuerg
D'Kanadierin ass eng impressionnant d'Course gefuer an huet d'Favoritten all stoe gelooss. Et ass dem Magdeleine Vallieres hir 2. Victoire iwwerhaapt.
© AFP

D’Elite bei den Dammen hat e Samschdeg op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Kigali am Ruanda usprochsvoll 164.6 Kilometer ze fueren. Gold geet un d’Magdeleine Vallieres aus Kanada. Selwer a Bronze si fir d’Niamh Fisher-Black aus Neiséiland an d’Mavi Garcia aus Spuenien.

D’Anna van der Breggen, déi bis dato d’WM dräi Mol gewonnen huet, huet misse 30 Kilometer viru Schluss lassloossen. Un der Spëtzt konnte sech am Col Kimihurura 10 Fuererinnen ofsetzen. Déi lescht Kilometere ware vun Attacke gepräägt - et war zu dësem Zäitpunkt eng immens hektesch Course.

3 Kilometer virun der Arrivée war de Podium entscheet. D’Spuenierin Mavi Garcia, d’Kanadierin Magdeleine Vallieres an d’Niamh Fisher-Black aus Neiséiland hate sech ofgesot.

Déi entscheedend Attack 2 Kilometer virum wäisse Stréch vum Magdeleine Vallieres konnt kee matgoen an esou gewënnt déi 24 Joer al Kanadierin virum Niamh Fisher-Black an dem Mavi Garcia Gold. Ee méi wéi iwwerraschende Podium bei dëser Stroossecourse vun der Dammen Elite.

Aus Lëtzebuerger Siicht stounge mam Marie Schreiber a Gewen Nothum 2 FSCL-Cyclistinne bei der U23-Damme-Course um Depart. Fir d’Marie Schreiber war et déi 25. Plaz an der U23-Course. D’Gwen Nothum war d’Course bei den U23-Dammen net op en Enn gefuer. Weider Informatiounen zu der U23-Course fannt dir an eisem Artikel zu der Course.

Zu Kigali am Ruanda gëtt nach bis e Sonndeg d’Weltmeeschterschaft am Vëlossport op der Strooss gefuer. Den Ofschloss maachen e Sonndeg d’Elite vun den Hären, wou virun allem den Tadej Pogacar an de Remco Evenepoel am Fokus wäerte stoen.

Top 10

1 VALLIERES Magdeleine Canada 4:34:48
2 FISHER-BLACK Niamh New Zealand 0:23
3 GARCÍA Mavi Spain 0:27
4 CHABBEY Elise Switzerland 0:41
5 MARKUS Riejanne Netherlands 0:57
6 NIEDERMAIER Antonia Germany 1:17
7 VOLLERING Demi Netherlands 1:34
8 (LE COURT) PIENAAR Kimberley Mauritius 1:34
9 REUSSER Marlen Switzerland 1:34
10 NIEWIADOMA Kasia Poland 1:34

Back to Top
CIM LOGO