Championnat am CyclissemIwerraschende Championstitel fir de Colin Heiderscheid

RTL Lëtzebuerg
Beim Championnat am Cyclissem huet bei den Hären (Elite) de Colin Heiderscheid vum Leopard Pro Cycling Team seng Konkurrenz nawell ferm iwwerrascht.
© FSCL / Facebook

Beim Championnat am Cyclissem war et e Sonndeg d’Suite vun de Stroossecourssen. An der Course vun der Elite huet de Championstitel iwwerraschend de Colin Heiderscheid gewonnen. Op de Plazen zwee an 3 kommen den Noé Ury an den Alexandre Kess. D’Profie Kevin Geniets an Alex Kirsch hu sech iwwerrasche gelooss. De Kirsch gëtt de 7. op 48 Sekonnen, an de Geniets den 13. op 56 Sekonnen. De Bob Jungels ass aus gesondheetleche Grënn net un den Depart gaangen.

De Colin Heiderscheid iwwerrascht seng Konkurrenz
Fir de Cyclist vum Leopard Pro Cycling Team war en deen 1. nationale Championstitel bei der Elite

Bei der Elite ouni Kontrakt ass den Titel fir de Ken Conter. Hie ka sech virum Larry Valvasori an dem Tim Diederich duerchsetzen.

E Sonndeg de Moie schonn goung et bei den Dammen ëm de Championstitel am Cyclissem. Bei den Dammen hat d’Christine Majerus déi stäerkste Been a konnt sech eng weider Kéier den Titel sécheren. Dat virum Isabelle Klein.

Cyclissem: Christine Majerus verdeedegt hire Championstitel
Nom Titel am Zäitfuere ka sech d’Lëtzebuerger Spëtzesportlerin och den Titel an der Stroossecourse sécheren.

Bei den Espoirs-Damme konnt sech d’Nina Berton virum Marie Schreiber behaapten.

Séierst Juniorin war d’Liv Wentzel, virum Anouk Schmitz an dem Layla Barthels.

Cyclissem: Mil Morang neie Champion bei de Junioren
Am Sprint konnt sech de jonke Coureur d’Victoire sécheren.

Bei de Junioren huet sech de Mil Morang am Sprint den Titel geséchert. De Coureur vun Dippech huet sech virum Mathieu Kockelmann behaapt. Um Podium stoung nach de Mats Berns. Déi dräi hate sech vun de weidere Coureuren ofgesat an d’Victoire ënner sech ausgemaach.

© FSCL / Facebook

RTL-Artikel: Rick Meylender a Sarah Mousel nei Meeschtere bei den Debutanten

PDF: All d'Resultater am Iwwerbléck (2. Dag)

Back to Top
CIM LOGO