BinckBank Tour - 1. EtappJasper Philipsen wënnt am Sprint

RTL Lëtzebuerg
Op der éischter Etapp vum BinckBank Tour goung et en Dënschdeg iwwer 132,1 Kilometer vu Blankenberg op Ardooie.
De Philipsen hei ganz lénks am Bild.
De Philipsen hei ganz lénks am Bild.
© AFP (Archiv)

Um Enn koum et zu engem Massesprint, wou sech de Belsch Jasper Philipsen duerchsetze konnt. De Mads Pedersen koum op déi zweete Plaz, dat virum Pascal Ackermann. Domat ass de Philipsen op de Leader am General.

Den Alex Kirsch an de Jempy Drucker sinn als 26., respektiv 46. an der nämmlechter Zäit ewéi de Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Kevin Geniets an den Tom Wirtgen kommen op d’Plazen 69 a 70 op 52 Sekonnen.

Ronn 4 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng gréisser Chute am Peloton.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Philipsen Jasper UAE-Team Emirates
2 Pedersen Mads Trek - Segafredo ,,
3 Ackermann Pascal BORA - hansgrohe ,,
4 van Poppel Danny Circus - Wanty Gobert ,,
5 Bissegger Stefan EF Pro Cycling ,,
6 Dainese Alberto Team Sunweb ,,
7 Eekhoff Nils Team Sunweb ,,
8 Manzin Lorrenzo Team Total Direct Energie ,,
9 van der Poel Mathieu Alpecin-Fenix ,,
10 Merlier Tim Alpecin-Fenix ,,

D’Top 10 vum General

1 Philipsen Jasper UAE-Team Emirates
2 Pedersen Mads Trek - Segafredo 0:04
3 Teunissen Mike Team Jumbo-Visma 0:05
4 Ackermann Pascal BORA - hansgrohe 0:06
5 van der Poel Mathieu Alpecin-Fenix 0:07
6 Lampaert Yves Deceuninck - Quick Step ,,
7 Cavendish Mark Bahrain - McLaren 0:09
8 van Poppel Danny Circus - Wanty Gobert 0:10
9 Bissegger Stefan EF Pro Cycling ,,
10 Dainese Alberto Team Sunweb ,,

[comments[

Back to Top
CIM LOGO