Vuelta de MurciaJempy Drucker bei Victoire vum Luis Leon Sanchez op der 77. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Bei der Vuelta de Murcia a Spuenien kënnt de Lëtzebuerger no zwou Coursen um Enn op déi 76. Positioun.
© archiv

Am Cyclissem ass de Jempy Drucker op der 2. Etapp vum Tour vu Murcia de 77. ginn. De Lëtzebuerger hat no schwieregen 177 Kilometer e Retard vu ronn 24 Minutten op de Spuenier Luis Leon Sanchez. De Luc Wirtgen huet sech um zweeten Dag besser aus der Affär gezunn. Hien huet als 62. ronn 13 Minutte verluer.

Op der éischter Etapp um Freideg koum de Jempy Drucker nach op déi 70. Plaz, dëst mat engem Retard vu 17 Minutten a 4 Sekonnen op de Xandro Meurisse.

Am Schlussklassement kënnt de Lëtzebuerger Coureur um Enn op déi 76. Plaz, dat mat engem Retard vu ronn 41 Minutten op de Gewënner Xandro Meurisse aus der Belsch. Fir de Wirtgen ass et déi 77. Plaz op ronn 48 Minutten.

Top 10 vun der 2. Etapp:

1 SANCHEZ, Luis León (ASTANA PRO TEAM) 4:21:48
2 FRAILE MATARRANZ, Omar (ASTANA PRO TEAM) 0:00:07
3 CERNÝ, Josef (CCC TEAM) 0:00:07
4 MEURISSE, Xandro (CIRCUS - WANTY GOBERT) 0:00:07
5 KÄMNA, Lennard (BORA - HANSGROHE) 0:00:07
6 GARCIA DE MATEOS, Vicente (AVILUDO - LOULETANO) 0:00:07
7 VALVERDE, Alejandro (MOVISTAR TEAM) 0:00:20
8 GROSSSCHARTNER, Felix (BORA - HANSGROHE) 0:00:20
9 TRENTIN, Matteo (CCC TEAM) 0:00:20
10 MALECKI, Kamil (CCC TEAM) 0:05:25
...
62 WIRTGEN, Luc (WALLONIE BRUXELLES) 0:12:54
...
77 DRUCKER, Jean-Pierre (BORA - HANSGROHE) 0:24:23

Schlussklassement:


...

Back to Top
CIM LOGO