
De Co-Equipier vum Bob Jungels konnt sech am Massesprint virum Elia Viviani an dem Matteo Trentin behaapten. De Jhempy Drucker gouf den 12ten.
De Kevin Geniets war duerch eng Chute eng 3km virun der Arrivée blockéiert ginn, mä krut um Enn awer déi selwecht Zäit wéi de Gewënner opgeschriwwen.
Déi 2. Etapp um Donneschdeg geet iwwer 184km vu Sagres erop op de Col de la Foia.