Bei schwéiere Wiederkonditiounen, zemools am Ufank vun der Course, hat de Jesus Herrada zum Schluss déi meeschte Kraaft, fir zu Dikrech op der Kinneksetapp als éischte Coureur iwwert d’Zillinn ze fueren. De Spuenier konnt sech no 179 Kilometer mat enger Avance vun 3 Sekonne virum Hollänner Maurits Lammertink duerchsetzen. Drëtte gëtt den Anthony Turgis op 7 Sekonnen.
Als beschte Lëtzebuerger ass de Pit Leyder als 16. op 59 Sekonnen an d’Zil komm, de Kevin Geniets ass mat engem Réckstand vun 1'02'’ den 20. ginn. Den Tom Wirtgen hat e Réckstand vun 1'16'’ an ass domat op déi 33. Plaz komm.
Am General huet den Herrada virun der leschter Etapp e Virsprong vun 9 Sekonnen op de Lammertink. Beschte Lëtzebuerger ass de Kevin Keniets als 17. op 1 Minutt an 11 Sekonnen.
De Christophe Laporte, Leader am General, war ronn 60 Kilometer viru Schluss wéinst Problemer mam Mo gezwongen opzehalen.