
Zanter en Donneschdeg ass et gewosst. De Jonas Vingegaard gouf vu senger Ekipp Visma-Lease a Bike fir den Tour de France 2024 selektionéiert.
Nieft dem Dän sinn och nach de Wout van Aert an den aktuelle Vuelta-Gewënner Sepp Kuss an der Ekipp, déi fir déi drëtt Schlussvictoire hannerenee suerge soll.
De Vingegaard war Ufank Abrëll beim Tour duerch d’Baskeland uerg gefall an hat sech ënnert anerem e puer Schanke gebrach. De van Aert war Enn Mäerz bei Dwars door Vlaanderen schwéier gefall a stoung Enn Mee eréischt nees op der Startlinn.