An der leschter Pyrenäen-Etapp ass et en Donneschdeg de Mëtte vu Lourdes op Hautacam gaangen. Et war eng intensiv Course, bei där all Coureur huet missen u seng Limitte goen. Um Enn ass et de Jonas Vingegaard, deen d’Etapp fir sech entscheede kann. Als Zweete kënnt den Tadej Pogačar op eng Minutt a 4 Sekonnen iwwert d’Zillinn. Déi drëtt Plaz geet iwwerdeems un de Wout van Aert mat engem Retard vun 2 Minutten an 10 Sekonnen.
Am General baut de Vingegaard seng Avance op 3 Minutten a 26 Sekonnen aus.
D’Course war gepräägt vum Duell tëscht dem Pogacar an dem Vingegaard. Allebéid hate se och wärend der Etapp mat Schwieregkeeten ze kämpfen. Esou war dem Vingegaard seng Kette vum Vëlo gesprongen an de Pogacar ass an enger Descente gefall.
Iwwert d’Course ewech huet de Pogacar och eng sëlleg Kéiere probéiert, de Vingegaard ofzehänken, mä dëse konnt bei den Attacken ëmmer am Rad vum jonke Slowen bleiwen.
An der Schluss-Montée hu se dunn d’Echappée ëm de van Aert agefaangen. Kuerz drop hunn den Tadej Pogačar souwéi och déi aner Coureure misse lassloossen, soudatt de Jonas Vingegaard eleng un der Spëtzt fortfuere konnt. Dësen huet näischt méi ubrenne gelooss a sech domat d’Etappevictoire geséchert. Dëst dierft wuel eng Virentscheedung em de Maillot Jaune gewiescht sinn.
Een Trikot dierft de Vingegaard iwwerdeems scho sécher hunn, sollt hie gesond a monter zu Paräis ukommen. En Donneschden huet hien de Bierg-Trikot vum däitsche Simon Geschke iwwerholl an hie souwäit distanzéiert, datt de Geschke de Maillot net méi kréie kann.
De Bob Jungels, deen an der Echappée mat dra war, kënnt mat enger zolitter Leeschtung als 23. iwwert d’Ligne d’Arrivée. Dëst mat engem Retard vun 10 Minutten an 38 Sekonnen. Am General gewënnt hien eng weider Plaz. Do ass hien elo den 13. op 42 Minutten an 23 Sekonnen. De Kevin Geniets, deen aktuell vun enger Bronchite ausgebremst gëtt, fiert iwwerdeems als 52. mat 24 Minutten a 44 Sekonne Retard iwwert de wäisse Stréch. Am General ass hien elo den 52. op 2 Stonnen, 42 Minutten an 39 Sekonnen.
De Chris Froome, véierfache Vainqueur vum Tour de France, konnt en Donneschdeg leider net méi un den Depart goen. Dëst wéinst engem positive Corona-Test.
