Critérium du Dauphiné: 4. EtappKämna wënnt aus Echappée eraus, Roglic weider a Giel

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng Attack an der Schlussmontée konnt sech de Lennard Kämna d'Victoire virum David de la Cruz sécheren.

Déi 4. an domadder zweetleschten Etapp vun der 72. Editioun vum Critérium du Dauphiné goung iwwert insgesamt 153,5 Kilometer vun Ugine op Megève. Net manner ewéi 6 Bierger, dorënner zwee vun der éischter Kategorie an ee vun der “hors"Kategorie stoungen um Samschdeg um Programm.

Um Enn konnt sech de Lennard Kämna d’Victoire sécheren, dëst virum David de la Cruz an dem Julian Alaphilippe.

Aus Lëtzebuerger Siicht koum de Michel Ries mat engem Retard vu gutt 16 Minutten op déi 53. Plaz, de Bob Jungels hat um Enn knapp 18 an eng hallef Minutt Réckstand, hie gouf den 62.

Resumé

Scho virum Depart war et d’Noriicht, dass den Egan Bernal, deen op der 7. Positioun am General louch, net un den Depart goe géif.

Nieft dem Bernal waren et ënnert anerem nach den Emanuel Buchmann an de Steven Kruijswjk, déi no enger Chute hu missen opginn. Allgemeng gouf et um Samschdeg e puer Chutten, ënnert anerem eng vum Leader Primoz Roglic, deen allerdéngs weiderfuere konnt.

Aus enger 15-Mann grousser Echappée, déi bis ronn 48 Kilometer virun der Arrivée gehalen hat, waren et no der Montée de Bisanne, engem Col vun der “hors” Kategorie, nach 8 Coureuren, déi d’Course ugefouert haten. Hei war et virun allem de Fransous Julian Alaphilippe, dee probéiert hat, den Tempo ze geréieren. Nieft dem Fransous war awer och den David de la Cruz an der Echappée. Dem Coureur vum Team Emirates war et duerch eng couragéiert Aart a Weis gelongen, sech den Trickot vum beschte Biergcoureur virun der leschter Etapp ze sécheren.

An der Schlussmontée erop op Megève war et de Kevin Elissonde, deen et aus dem Spëtzegrupp eraus mat enger éischten Attack probéiert hat. Nodeems de Fransous awer erëm ageholl gouf, war et gutt 4 Kilometer virun der Arrivée den däitsche Lennard Kämna, deen déi decisiv Attack realiséiere konnt. Um Enn gewënnt de Coureur vu Bora-hansgrohe d’Etapp aus der Echappée eraus virum de la Cruz.

Am General bleift de Primoz Roglic och weiderhin a giel virum Thibaut Pinot.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren et esouwuel de Bob Jungels, ewéi och de Michel Ries, déi bei dëser schwéierer Etapp hu missen ofrappe loossen, dëst am Col de Bisanne.
Um Enn gouf de Michel Ries den 53. mat ronn 16 Minutte Retard, fir de Bob Jungels war et déi 62. Plaz mat engem Réckstand vun 18 Minutten a 27 Sekonnen.

© RTL

Resultat vun der Etapp

1 KÄMNA Lennard GER BORA - HANSGROHE 4:27:56
2 DE LA CRUZ MELGAREJO David ESP UAE TEAM EMIRATES +41
3 ALAPHILIPPE Julian FRA DECEUNINCK - QUICK - STEP +56
4 HAIG Jack AUS MITCHELTON - SCOTT +58
5 ELISSONDE Kenny FRA TREK - SEGAFREDO +1:02
6 MASNADA Fausto ITA CCC TEAM +1:10
7 KWIATKOWSKI Michal POL TEAM INEOS +1:19
8 HIRSCHI Marc SUI TEAM SUNWEB +1:43
9 PINOT Thibaut FRA GROUPAMA - FDJ +3:01
10 ROGLIČ Primož SLO JUMBO - VISMA +3:01
...
53 RIES Michel LUX TREK - SEGAFREDO +16:02
62 JUNGELS Bob LUX DECEUNINCK - QUICK - STEP +18:27

General

1 ROGLIČ Primož SLO JUMBO - VISMA 17:45:32
2 PINOT Thibaut FRA GROUPAMA - FDJ +14
3 MARTIN Guillaume FRA COFIDIS +24
4 LANDA MEANA Mikel ESP BAHRAIN - MCLAREN +26
5 MARTINEZ POVEDA Daniel Felipe COL EF PRO CYCLING +26
6 LOPEZ MORENO Miguel Angel COL ASTANA PRO TEAM +32
7 QUINTANA Nairo COL TEAM ARKEA - SAMSIC +35
8 PORTE Richie AUS TREK - SEGAFREDO +35
9 POGAČAR Tadej SLO UAE TEAM EMIRATES +1:17
10 BARDET Romain FRA AG2R LA MONDIALE +1:24
...
52 JUNGELS Bob LUX DECEUNINCK - QUICK - STEP +42:35
67 RIES Michel LUX TREK - SEGAFREDO +54:51

Back to Top
CIM LOGO