Nationale CyclocrossKen Conter wënnt am Préizerdaul

RTL Lëtzebuerg
De Coureur vum Team Snooze war méi séier wéi Gauthier Rouxel an de Lucas Thilly. Bei den Damme war d'Victoire fir d'Isabelle Klein.
Ken Conter wënnt am Préizerdaul
Beim regionale Cyclocross am Préizerdaul war de Ken Conter bei den Hären de Séiersten, bei den Damme war et d’Isabelle Klein.

Bei enger weiderer Editioun vum Skoda Cross Cup war de Ken Conter bei den Hären de Séiersten. Am Préizerdaul huet sech de Leader vum Skoda Cross Cup virum Gauthier Rouxel an dem Lucas Thilly, allebéid aus Frankräich, duerchgesat. De Ken Conter hat eng komfortabel Avance vun enger Minutt op de Rouxel. Zweete Lëtzebuerger gouf op engem extreem schwéiere Parcours de Pol Weisgerber op der 5. Plaz, hannert engem weidere Fransous Enzo Chopineaux.

Bei den Damme konnt sech d’Isabelle Klein virum Gwenn Nothum an dem Nathalie Lamborelle duerchsetzen. D’Klein hat eng Avance vun 3 Minutten 30 Sekonnen op déi Zweetplacéiert.

Bei de Juniore war d’Victoire fir de Rick Meylender virum Jonah Flammang an dem Lenn Schmitz. D’Masters-Course gouf vum Tommy Arnoldy gewonnen, iwwerdeems de Maximilien Outlet an d’Kylie Bintz déi bescht an der Kategorie Débutants waren.

Resultater Elite Hären

Back to Top
CIM LOGO