
D’Strecke vu béiden Etappen hu kuerzfristeg misse geännert ginn. Eng Arrivée zu Nice ass net méiglech.
Et wier ee sech mat de lokalen a staatlechen Autoritéiten iwwert en neien Trajet eens ginn, esou d’Organisateuren op hirem Site. Déi 7. Etapp e Samschdeg geet elo iwwer 119 Kilometer vu Le Broc a La Colmiane an déi lescht Etapp start amplaz op der Promenade des Anglais zu Le Plan Du Var a kënnt no 93 Kilometer zu Levens un.
An der 6. Etapp geet et e Freideg iwwer 202 Kilometer vu Brignoles op Biot. Dir kënnt d’Course um 1. RTL op der Tele suivéieren.