
De Romain Bardet, Coequipier vum Lëtzebuerger Ben Gastauer, wäert allerdéngs fir de Mont Ventoux Dénivelé Challenge dësen Donneschdeg Forfait missen erklären. D’Participatioun fir de Fransous beim Dauphiné dierft awer net a Gefor sinn.
De Critérium du Dauphiné start d’nächst Woch e Mëttwoch zu Clermont-Ferrand. Mat dobäi sinn och d’Lëtzebuerger Michel Ries (Trek-Segafredo) a Bob Jungels (Deceuninck Quick-Step).