
Fir de Kevin Geniets war et eng gutt Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Harrogate an England. De Lëtzebuerg ass no senger 16. Plaz am Zäitfueren an der Course en Ligne vun den Espoiren de gudden 13. ginn. De Geniets, deen ëmmer nees vir un der Spëtzt ze gesi war, hat no 173 Kilometer e Retard vun 38 Sekonnen op de Weltmeeschter Samuele Battistella. Den Italiener hat sech am Sprint virum Stefan Bissegger aus der Schwäiz an dem Thomas Pidcock aus England duerchgesat.
U sech war den Nils Eekhoff als Éischten iwwert d’Arrivée gefuer, ma den Hollänner gouf nodréiglech disqualifizéiert. Hie soll no enger Chute ze laang am Wandschied vun engem Auto gefuer sinn.
De Luc Wirtgen, den Arthur Kluckers, de Michel Ries an de Colin Heiderscheid sinn am Peloton iwwert d’Arrivée gefuer. Si haten e Retard vun 12 Minutten an 42 Sekonnen.