GP La MarseillaiseKevin Geniets mat gudder 17. Plaz bei Victoire vum Cosnefroy

RTL Lëtzebuerg
De Fransous huet sech am Sprint aus engem 4er-Grupp eraus duerchgesat. De Luc Wirtgen gëtt de 54.
© Archiv

De GP La Marseillaise ass déi 1. Course vun am ganze 16 Courssen an der Coupe de France. Mam Kevin Geniets (Groupama) a mam Luc Wirtgen (Bingoal) stoungen och 2 Lëtzebuerger Cyclisten um Depart. Fir déi 2 Lëtzebuerger war et déi 1. Course am Joer 2020.

D’Course iwwer 145 km huet de Benoît Cosnefroy gewonnen. De Kevin Geniets fiert als gudde 17. iwwert Zil, dëst mat engem Retard vu 17 Sekonnen. Net grad esou gutt ass et fir de Luc Wirtgen gelaf. De Coureur vu Bingoal klasséiert sech mat engem Retard vu 5 Minutten a 56 Sekonnen als 54..

Back to Top
CIM LOGO