Mam Succès vum Kevin Geniets ass e Sonndeg d’Championnat am Cyclissem op en Enn gaangen. Eng Meeschterschaft, déi duerch de Coronavirus an engem spezielle Kader huet mussen organiséiert ginn. Ganz vill Sécherheetsreegelen hu mussen agehale ginn. An dat huet ganz gutt geklappt. Organiséiert gouf d’Championnat vum Mamer Club ronderëm de President Ed Buchette.
“Duerch d’Hëllef vun alleguerten den Instanze konnte mir eppes organiséieren, wat flott ass. D’Spectateuren hu sech un d’Spillreegele gehalen, si si mat de Masken dorëmmer gaangen, Distanz gehalen zu de Sportler, déi deen Ament jo ouni Maske waren. Dat ass dat wat Lëtzebuerg beweegt, de Vëlossport lieft. Et ass am Prinzip dat leschten Organistaiounschampionnat wat ech maachen. Ech hunn der jo schonns puer hannert mir. D’Jugend soll viru fuere mat deem Ganzen, dass de Lëtzebuerger Vëlossport ka gutt viru fueren.”
Et war schonns eng Mammutorganisatioun. Virun allem well dëst Joer immens vill Coureuren un den Depart gaange sinn.
“Wann ee kuckt eng 100 Stéck beim Zäitfueren. Um Samschdeg ware 5 Kategorien ënnerwee. Um Sonndeg Dammen, d’Junioren, d’Espoir an d’Elite. Well dat UCI-Kategorie sinn, muss een den 72-Stonnen-Test hunn. Mir hunn do Kontakt mat engem Labo gehat. Bis op 1 Fall, wou ech weess, krut ee Jong d’Resultat net. Dat ass traureg an där Situatioun. Soss huet awer alles geklappt.
Als lescht Course stoung um Sonndeg Mëtteg nach d’Course vun der Elite bei den Hären um Programm.
Am Laf vun der Course hat sech e Grupp mat de Favoritten vun deenen anere Coureuren ofgesat. Hei waren ënner anerem de Bob Jungels, Alex Kirsch, Jempy Drucker a Kevin Geniets mat dobäi.
An der leschter Ronn hu sech awer de Bob Jungels an de Kevin Geniets als déi stäerkst eraus kristalliséiert an hu sech soumat zu zwee op de Wee gemaach.
Um Enn hat dann awer iwwerraschend de Kevin Geniets déi besser Been a wënnt am Sprint géint de Bob Jungels. Op déi 3. Plaz koum de Jempy Drucker.
Bei den Elite ouni Kontrakt konnt sech den Mike Diener virum Pol Weisgerber an dem Charel Meyers duerchsetzen.

Beschten Espoir gëtt de Luc Wirtgen virum Arthur Kluckers an dem Michel Ries.