Tour duerch Norwegen: 6. EtappKirsch gëtt op leschter Etapp de 7. - Kristoff wënnt General

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass den Tour duerch Norwegen mat enger Victoire am General vum Alexander Kristoff op een Enn gaangen. Den Alex Kirsch gouf den 20 op 23 Sekonnen.
© pressphoto

Op der leschter Etapp vum Tour duerch Norwegen goung et iwwer knapp 175 Kilometer vu Gran op Hönefoss - d’Victoire war fir de Kristoffer Halvorsen. Den Dän konnt sech am Sprint ganz neelech virum Cees Bol an dem Schlussgewënner Alexander Kristoff behaapten.

Déi lescht Etapp huet den Alex Kirsch iwwerdeems als 7. zäitgläich mat dem Gewënner op een Enn bruecht. Am General ass domat fir de Lëtzebuerger eng 20. Plaz op 23 Sekonnen erausgesprongen.

De General

1 Alexander Kristoff (Nor) UAE Team Emirates 25:19:58
2 Kristoffer Halvorsen (Nor) Team Ineos 0:00:03
3 Edvald Boasson Hagen (Nor) Team Dimension Data 0:00:05
4 Edoardo Affini (Ita) Mitchelton - Scott 0:00:06
5 Cees Bol (Ned) Team Sunweb 0:00:07
6 Anders Skaarseth (Nor) Uno-X Norwegian Development Team 0:00:15
7 Joris Nieuwenhuis (Ned) Team Sunweb 0:00:16
8 Daniel Turek (Cze) Israel Cycling Academy 0:00:16
9 Sander Armée (Bel) Lotto Soudal 0:00:16
10 Carl Fredrik Hagen (Nor) Lotto Soudal 0:00:17

Back to Top
CIM LOGO