
De Koen Bouwman huet e Freideg déi 19. Etapp vum Giro d’Italia gewonnen. Den Hollänner huet sech am Sprint aus enger Echappée eraus virum Schwäizer Mauro Schmid an dem Italiener Alessandro Tonelli duerchgesat.
Fir de Bouwman ass et déi 2. Victoire an dësem Giro an him ass de Biergtrikot kaum nach ze huelen.
Am General huet sech vir näischt verännert. De Richard Carapaz huet et an der Schlussmontée, engem Bierg vun der 2. Kategorie, mat enger Attack probéiert, ma hie konnt den Jai Hindley net ofhänken. Virun der leschter schwéierer Biergetapp e Samschdeg huet de Carapaz eng Avance vun 3 Sekonnen op den Hindley. Drëtten ass de Mikel Landa op eng Minutt a 5 Sekonnen.
1 BOUWMAN Koen Jumbo-Visma 4:32:55
2 SCHMID Mauro Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
3 TONELLI Alessandro Bardiani-CSF-Faizanè 0:03
4 VALTER Attila Groupama - FDJ 0:06
5 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team 0:10
6 BAYER Tobias Alpecin-Fenix 2:45
7 MARTIN Guillaume Cofidis 3:49
8 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 3:56
9 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
10 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
1 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 81:18:12
2 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 0:03
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 1:05
4 NIBALI Vincenzo Astana Qazaqstan Team 5:53
5 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 6:22
6 HIRT Jan Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 7:15
7 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe 8:21
8 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 12:55
9 LÓPEZ Juan Pedro Trek - Segafredo 15:29
10 CARTHY Hugh EF Education-EasyPost 17:10