Terminus fir déi 72. Editioun vum Critérium du Dauphiné e Sonndeg ronderëm Megève. No 5 schwéieren Etapp konnt de Kolumbianer Daniel Martinez d’Generalklassement gewannen.
Déi lescht Etapp gouf vum US-Amerikaner Sepp Kuss gewonnen, hien ass 27 Sekonne virum Schlussvainqueur Daniel Martinez iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. Als 3. koum den Tadej Pogacar un, dat mat engem Ecart vun 30 Sekonnen op de Kuss.
De Bob Jungels gouf op der Etapp den 43. op bal 17 Minutten, am General kënnt de Lëtzebuerger Champion op déi 42. Positioun. De Michel Ries gouf bei der leschter Etapp den 73. op iwwer 33 Minutten, am General ass eng 72. Plaz.
Et ass nach eemol an d’Bierger gaangen op der leschter Etapp vum Dauphiné, dat awer ouni de Maillot Jaune Primoz Roglic. De Slowen war bei der 4. Etapp gefall an huet missen opginn.
Insgesamt 8 Montéeë stounge bei der leschter Etapp vun dësem ganz schwéiere Critérium du Dauphiné nach emol um Menü mat der Arrivée uewenaus zu Megève op iwwer 1.400 Meter. Vun Ufank u war et eng ganz animéiert Coursse, bei där vill Coureuren d’Ustrengungen aus de leschten Deeg hu misse bezuelen an deemno fréi mat de beschte Leit vum Dag net méi mathale konnten.
Och eng Partie Coureuren aus den Topp-10 haten e schwéieren Dag erwëscht, soudatt et ëm de General, nom Abandon vum Primoz Roglic, nach emol richteg spannend gouf.
Béid Lëtzebuerger an der Coursse, de Bob Jungels a Michel Ries, haten näischt mam Ausgang vun der 5. Etapp ze dinn - vir huet een iwwerdeems drop gewaart, wat op de leschten 20 Kilometer géing geschéien.
Do si Leit wéi Alaphilippe, Martinez, Angel Lopez a Pogacar net just ëm d’Etappevictoire, ma och ëm de giele Maillot gefuer. Et war allerdéngs de Sepp Kuss, dee sech decisiv ofsetzen an en solitaire als 1. iwwer d’Ligne d’Arrivée fuere konnt. Am Showdown ëm de Maillot Jaune hat den Daniel Martinez déi beschte Kaarten. De Mann aus Kolumbien konnt den néidege Virsprong op den Thibaut Pinot halen an dach iwwerraschend den Dauphiné fir sech entscheeden.
1 Kuss Sepp Team Jumbo-Visma 3:58:39
2 Martínez Daniel Felipe EF Pro Cycling 0:27
3 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates 18 0:30
4 Sivakov Pavel Team INEOS 0:45
5 Dumoulin Tom Team Jumbo-Visma 0:51
6 Kämna Lennard BORA - hansgrohe ,,
7 Pinot Thibaut Groupama - FDJ 1:02
8 Martin Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 1:04
9 Bardet Romain AG2R La Mondiale 1:06
10 Barguil Warren Team Arkéa Samsic ,,
...
43 Jungels Bob Deceuninck - Quick Step 16:48
...
73 Ries Michel Trek - Segafredo 33:38
1 Martínez Daniel Felipe EF Pro Cycling 21:44:58
2 Pinot Thibaut Groupama - FDJ 0:29
3 Martin Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 0:41
4 Pogačar Tadej UAE-Team Emirates 0:56
5 López Miguel Ángel Astana Pro Team 1:38
6 Bardet Romain AG2R La Mondiale 1:43
7 Dumoulin Tom Team Jumbo-Visma 2:07
8 Kämna Lennard BORA - hansgrohe 2:14
9 Barguil Warren Team Arkéa Samsic 2:49
10 Kuss Sepp Team Jumbo-Visma 2:55
...
42 Jungels Bob Deceuninck - Quick Step 58:36
...
72 Ries Michel Trek - Segafredo 1:27:42