Nodeems sech bei den Dammen d’Elizabeth Deignan bei der “La Course by le Tour” e Samschdeg de Moie behaapte konnt, stoung duerno den Depart vun der 107. Editioun vun der Tour de France bei de Männer um Programm.
Um Samschdeg goung et lass mat 156 Kilometer, dëst mat, genee wéi bei den Dammen, zwee Mol der Côte de Rimiez, ma am groussen a ganze war et eng éischter flaach Etapp, déi d’Coureuren ze bewältegen haten.
No enger Rei duerch de Reen provozéiert Chutte wollt keng Ekipp ee Risiko agoen, a sou sollt déi éischten Etapp vun der 107. “Grande Boucle” mat engem Sprint op en Enn goen. Hei war et den Alexander Kristoff, dee sech behaapte konnt.
Aus Lëtzebuerger Sicht war just de Bob Jungels mat um Depart zu Nice. Hien ass mam Peloton iwwert d’Arrivée gefuer a gouf den 108. Duerch eng Chute 3 Kilometer virum wäisse Stréch hat hie misse bremsen an hat soumat um Enn keng Chance, hie krut allerdéngs déi selwecht Zäit guttgehale wéi de Vainqueur.
Bei der éischter Etapp sollt direkt déi éischten Attack aus dem Peloton vun Erfolleg gekréint sinn. Hei waren et mam Michael Schär, dem Fabien Grellier an de Cyril Gautier déi sech vum Feld ofsetze konnten.
Bei schwierege, reenerege Wiederkonditiounen koum et virun allem an den Descenten ëmmer erëm zu Chutten, ënnert anerem fir de Benoit Cosnefoy an de Pavel Sivakov, awer och vum Mikel Nieve, dee gutt 30 Kilometer méi spéit gefall war.
No ronn 100 Kilometer war dann awer Schluss mat der Echappée, direkt no der Côte de Rimiez konnt de Peloton de Spëtzegrupp erëm afänken. Duerno ass de grousse Grupp zesummen a Richtung Arrivée gefuer. An enger éischter Phas war et d’Ekipp vun Astana, déi den Tempo forcéiere wollt, ma duerch déi schwiereg Konditiounen op der Strooss an déi zuelräich Chutte gouf den Tempo duerno net all ze vill forcéiert.
Bei enger chaotescher Course wollt no den zuelräiche Chutte kee Coureur ee Risiko agoen, a sou war de Peloton als grousse Grupp op déi leschte Kilometer gefuer.
Um Enn sollt d’Entscheedung och am Sprint falen. 3 Kilometer virun der Arrivée gouf dann op en Neits eng Chute, duerch déi och de Bob Jungels huet misse stoe bleiwen, ma dës Coureure kruten um Enn awer déi selwecht Zäit gutt geschriwwe wéi de Vainqueur vun der Course.
An dat sollt um Enn den Alexander Kristoff sinn, deen déi stäerkste Been hat. Zweete gouf de Mads Pedersen virum Cees Bol.
De Bob Jungels kënnt ouni Zäitverloscht iwwert de wäisse Stréch.
1 ALEXANDER KRISTOFF ( UAE TEAM EMIRATES ) 03h 46' 23'’
2 MADS PEDERSEN ( TREK - SEGAFREDO ) + 00h 00' 00'
3 CEES BOL ( TEAM SUNWEB ) + 00h 00' 00'
4 SAM BENNETT ( DECEUNINCK - QUICK - STEP ) + 00h 00' 00'
5 PETER SAGAN ( BORA - HANSGROHE ) + 00h 00' 00'
6 ELIA VIVIANI ( COFIDIS ) + 00h 00' 00'
7 GIACOMO NIZZOLO ( NTT PRO CYCLING TEAM ) + 00h 00' 00'
8 BRYAN COQUARD ( B&B HOTELS - VITAL CONCEPT P / B KTM ) + 00h 00' 00'
9 ANTHONY TURGIS ( TOTAL DIRECT ENERGIE ) + 00h 00' 00'
10 JASPER STUYVEN ( TREK - SEGAFREDO ) + 00h 00' 00'
...
108 BOB JUNGELS (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 0:00:00