Skoda Tour de LuxembourgKron wënnt lescht Etapp, Ulissi séchert sech d'Schlussvictoire

RTL Lëtzebuerg
Op der leschter Etapp vum Tour de Luxembourg goung et dräimol de Pabeierbierg an der Stad erop. Hei konnt sech de Kron virun der Konkurrenz behaapten.
Cyclissem Video News
Am Tour de France gewënnt den Tadej Pogacar d’Zäitfueren an am Tour de Luxembourg séchert sech den Diego Ulissi d’Schlussvictoire.

Am Sprint um Lampertsbierg huet sech zum Schluss den Andreas Kron aus Dänemark virum Diego Ulissi an dem Markus Hoelgaard duerchgesat. Beschte Lëtzebuerger war e Samschdeg de Kevin Geniets mat engem Retard vun 31 Sekonnen. Den Ivan Centrone ass ronn 30 Sekonnen drop als 28. iwwert d’Arrivée gefuer an de Michel Ries ass mam Ben Gastauer no enger Minutt a 15 Sekonnen an d’Zil komm.

Den Diego Ulissi séchert sech deemno d’Schlussvictoire. Am Generalklassement huet et de Markus Hoelgaard op déi zweet Plaz virum Aimé de Gendt gepackt. Den Ivan Centrone kënnt um Enn als beschte Lëtzebuerger op déi 20. Plaz. De Ben Gastauer an de Michel Ries sinn hannerteneen op déi 28. an 29. Plaz komm.

Nieft dem Giele Maillot huet sech de Gewënner Diego Ulissi och nach de bloe Maillot geséchert. De grénge Maillot fir de beschte Biergfuerer krut de Baptiste Planckaert an den Andreas Kron ass als beschte jonke Fuerer mam Wäisse Maillot ausgezeechent ginn.

LINK: Hei fannt Dir e Quiz iwwer de Skoda Tour de Luxembourg

Resumé

Direkt nom offiziellen Depart hunn et e puer Coureure mat enger Attack probéiert, déi sech mat der Zäit dann och vum Peloton geléist krut hunn. De Spëtzegrupp, an deem sech ënnert anerem och de Mark Cavendish rëmfonnt huet, konnt sech tëschenzäitlech e Virsprong vun enger knapper Minutt erausfueren.

Wéi nach 70 Kilometer ze fuere waren huet et den Tom Wirtgen mat enger Attack aus dem Peloton probéiert, fir de Spëtzegrupp anzefänken. Mat zwee weidere Coureuren ass dat dann och kuerz drop gelongen.

Am Peloton ass et wärenddeem zu enger Chute komm, wéi bei der Sortie vun engem Tunnel iwwerraschenderweis e Camion an der Strooss stoung.

TDL: Chute wéinst engem Camion
Well e Camion op der Strooss stoung, sinn eng ganz Partie Coureure gefall.

Mat der Zäit hu sech da weider Coureure vum Peloton geléist a sech a klenge Gruppen op de Wee no vir gemaach, wou sech de Xandro Meurisse kuerz virdrun nach vum Spëtzegrupp ofgesat krut huet. No net all ze laanger Zäit ass de Coureur aus der Belsch awer nees agefaange ginn.

Mat der Zäit huet de Peloton da vill un Tempo zougeluecht a sou sinn ëmmer nees Coureuren agefaange ginn. De Fred Wright an den John Degenkolb krute sech awer nach vum Spëtzegrupp ofgesat a konnten zu zwee fir eng gewëssen Zäit un der Spëtzt vun der Course bleiwen.

Ronn 10 Kilometer virun der Arrivée huet de Kevin Geniets da seng Chance genotzt an huet sech eleng vum Peloton ofgesat. No kuerzer Zäit krut den aktuelle Lëtzebuerger Champion dann och zu den zwee Coureuren un der Spëtzt opgeschloss, ma de Peloton war ze séier a sou ass de Grupp an der éischter Montée vum Pabeierbierg nees agefaange ginn.

Eng kuriéis Szen ass et gi wéi sech de Santiago Buitrago un der Spëtzt iwwert d’Etappevictoire gefreet huet, ma him war net bewosst dass nach een Tour ze fuere war. Bis de Coureur aus Kolumbien dat gemierkt hat, war de Virsprong nees fort.

Zum Schluss huet sech am Sprint den Andres Kron virum Gewënner vum Generalklassement, dem Diego Ulissi duerchgesat.

Top 10 vun der Etapp

Top 10 am General

Etappe vum Tour de Luxembourg 2020

1. Lëtzebuerg - Lëtzebuerg : 133,5 km

2. Réimech - Hesper : 160,8 km

3. Rouspert - Schëffleng : 164,3

4. Rodange - Déifferdeng : 201 km

5. Miersch - Lëtzebuerg : 177 km

PDF: D'Startlëscht

Back to Top
CIM LOGO