Vëlo-WMLëtzebuerger Kader mat Geniets a Kirsch, ma ouni Jungels

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun huet hire Kader fir d'Weltmeeschterschaft zu Glasgow a Schottland bekannt ginn.
© AFP

Mam Kevin Geniets an dem Alex Kirsch sinn ënner anerem zwee Coureuren aus dem Tour de France mat dobäi. De Bob Jungels wäert dogéint feelen.

Bei der Dammen Elite ginn déi Lëtzebuerger Faarwe vum Christine Majerus vertrueden. D’Nina Berton an d’Marie Schreiber ginn an der Kategorie U23 bei den Dammen un den Depart.

D’Weltmeeschterschaft gëtt vum 5. bis 12. August zu Glasgow gefuer.

PDF: Den Iwwerbléck vum Kader

Back to Top
CIM LOGO