Invité um PlateauLex Reichling: Neie Lëtzebuerger Champion am Cyclocross

RTL Lëtzebuerg
De Préizerdauler war e Sonndeg den Owend Invité um Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg.
De Lex Reichling um Plateau vun der Sportsemissioun
De Préizerdauler ass frësch gebakene Champion am Cyclocross.

De Lex Reichling ass de frësch gebakene Cyclocross-Champion bei der Hären Elite. Hien huet sech leschte Weekend mat dësem Titel gekréint.

Am Laf vun der Saison konnt de groussgewuessene Coureur, deen insgesamt 5 Crosse fir sech entscheede konnt, mat gudde Leeschtungen iwwerzeegen. Um Cyclocross zu Miersch um Krounebierg huet de Lex Reichling beim nationale Championnat der Konkurrenz keng Chance gelooss. De Championstitel war fir de Fuerer vum Tooltime Préizerdaul d’Kiischt um Kuch.

Back to Top
CIM LOGO