Tour du Doubs Loïc Vliegen wënnt, Luc Wirtgen gëtt 30.

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Dagescourse vu Morteau op Pontarlier iwwer 200 Kilometer waren nieft dem Luc Wirtgen och den Arthur Kluckers an de Ben Gastauer am Asaz.
© RTL

No 200 Kilometer vu Morteau op Pontalier a Frankräich konnt sech de Belsch Loïc Vliegen d’Victoire sécheren, dëst mat 14 Sekonnen Avance op de Biniam Ghirmay Hailu aus Eritrea.

Aus Lëtzebuerger Sicht gouf de Luc Wirtgen als beschte Lëtzebuerger den 30. mat engem Réckstand vun 22 Sekonnen. Den Arthur Kluckers hat als 50. dee selwechte Retard an de Ben Gastauer hat als 104. iwwer 4 Minutte Réckstand op de Vainqueur.

D’Klassement

1. Loïc VLIEGEN - Circus-Wanty Gobert 4:51:21
2. Biniam GHIRMAY HAILU - NIPPO DELKO One Provence +0:14
3. Aurélien PARET-PEINTRE - AG2R La Mondiale “
...
30. Luc WIRTGEN - Bingoal-Wallonie Bruxelles +0:22
50. Arthur KLUCKERS - Leopoard Pro Cycling “
104. Ben GASTAUER - AG2R La Mondiale +4:03

Back to Top
CIM LOGO