Tour de France Dammen: 1. EtappLotte Kopecky wënnt fir den Optakt en solitaire

RTL Lëtzebuerg
Déi belsch Cyclistin konnt déi éischt Etapp mat engem Virsprong vun 41 Sekonne gewannen. D'Nina Berton an d'Christine Majerus kommen op d'Plaze 70 an 110.
© AFP

E Sonndeg ass déi zweet Editioun vum Tour de France bei den Damme lassgaangen. Op der 1. Etapp mat Depart an Arrivée zu Clermont-Ferrand konnt sech no 123.8 Kilometer d’Lotte Kopecky en solitaire d’Victoire sécheren. Mat engem Retard vun 41 Sekonne sinn d’Hollännerinne Lorena Wiebes a Charlotte Kool op déi zweet an drëtt Plaz komm.

D’Nina Berton ass mat engem Retard vu 4:30 Minutten op déi 70. Plaz gefuer an d’Christine Majerus steet no der 1. Etapp mat engem Réckstand vu 7:17 op der 110. Plaz.

E Méindeg geet et da vu Clremont-Ferrand iwwer 151.7 Kilometer weider op Mauriac.

D’Klassement

1 KOPECKY Lotte 3:04:09
2 WIEBES Lorena 0:41
3 KOOL Charlotte ,,
4 VOS Marianne ,,
5 MOOLMAN Ashleigh 0:43
6 VOLLERING Demi ,,
7 DRONOVA-BALABOLINA Tamara ,,
8 LUDWIG Cecilie Uttrup ,,
9 GARCÍA Mavi ,,
10 LONGO BORGHINI Elisa ,,

70 BERTON Nina 4:30
110 MAJERUS Christine 7:17

Back to Top
CIM LOGO