Brussels Cycling ClassicLuc Wirtgen bei Brussels Cycling Classic beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Hie fiert als 53. iwwert d'Ligne d'Arrivée. Gewonne gouf d'Course vum belsche Champion Tom Merlier.
© RTL (Archiv)

Um Sonndeg de Mëtteg stoung zu Bréissel d'100. Editioun vun der Brussels Cycling Classic iwwer 203 km um Programm. Aus Lëtzebuerger Siicht stounge mam Luc an Tom Wirtgen, sou wéi dem Jan Petelin an dem Kevin Geniets 4 FSCL-Coureuren um Depart.

Gewonnen huet am Sprint de belsche Champion Tim Merlier. Um Enn konnt de Luc Wirtgen eng 53. Plaz mat 24 Sekonne Retard afueren. Säin Brudder Tom Wirtgen fiert mat engem Retard vun iwwer 5 Minutten op déi 102. Plaz an de Jan Petelin gouf mat gutt 1 Minutt an 28 Sekonne Retard den 78.

Den neie Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets kënnt mat engem Retard vun 1 Minutt an 28 Sekonnen op déi 82. Plaz.

D’Resultat vun der Course

1 Tom Merlier (Alpecin - Fenix)
2 Davide Ballerini (Deceuninck - Quick-Step)
3 Nacer Bouhanni (Team Arkéa - Samsic)

Back to Top
CIM LOGO