Critérium du Dauphiné: 2. EtappLukas Pöstlberger wënnt en solitaire an ass neie Leader

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg goung et op der 2. Etapp vum Critérium du Dauphiné iwwer 173 Kilometer vu Brioude op Saugues.
Critérium du Dauphiné - 2. Etapp
Lukas Pöstlberger wënnt en solitaire an ass neie Leader.

Um Enn gouf et no enger schwéierer Etapp eng Victoire en solitaire vum Lukas Pöstlberger. Den Éisträicher hat op der Arrivée eng Avance vun 11 Sekonnen op den éischte grousse Grupp. Mat um Podium stoungen e Méindeg de Sonny Colbrelli an den Alejandro Valverde. De Michel Ries gouf den 62. op 3 Minutten, de Kevin Geniets gouf den 99. op 8 Minutten a 56 Sekonnen.

Am General ass och elo de Pöstlberger den neie Leader. Hei huet hien eng Avance vun 12 Sekonnen op de Colbrelli a vun 20 Sekonnen op de Valverde. Hei ass de Kevin Geniets den 109. op 15 Minutten an 12 Sekonnen an de Michel Ries ass den 126. op 17 Minutten a 47 Sekonnen.

D’Top10

1 PÖSTLBERGER Lukas BORA - hansgrohe
2 COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious 0:11
3 VALVERDE Alejandro Movistar Team ,,
4 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step ,,
5 BYSTRØM Sven Erik UAE-Team Emirates ,,
6 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe ,,
7 VAN WILDER Ilan Team DSM ,,
8 VAN AVERMAET Greg AG2R Citroën Team ,,
9 ARANBURU Alex Astana - Premier Tech ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
62 RIES Michel Trek - Segafredo 3:00
99 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 8:56

De General

1 PÖSTLBERGER Lukas BORA - hansgrohe
2 COLBRELLI Sonny Bahrain - Victorious 0:12
3 VALVERDE Alejandro Movistar Team 0:20
4 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step 0:24
5 ARANBURU Alex Astana - Premier Tech ,,
6 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe ,,
7 VALGREN Michael EF Education - Nippo ,,
8 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits ,,
9 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers ,,
10 VAN WILDER Ilan Team DSM ,,
...
109 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 15:12
126 RIES Michel Trek - Segafredo 17:47

Back to Top
CIM LOGO