
De Madis Mihkels gewënnt mat 20 Joer iwwerraschend déi 3. Etapp zu Essen a feiert domat säi gréissten Erfolleg vu senger nach jonker Karriär. De jonke Coureur vun Team Intermarché-Circus-Wanty léisst domat déi grouss Favoritte wéi den Danny van Poppel oder de Phil Bauhaus hannert sech.
Den Alex Kirsch klasséiert sech als 38.
Am General bleift den Ilan van Wilder op der 1. Plaz, dat mat 11 Sekonne Virsprong op de Felix Großschartner. Hei ass den Alex Kirsch op der Plaz 21 mat engem Retard vun 53 Sekonnen.
Déi leschten Etapp vun der Tour duerch Däitschland gëtt dann e Sonndeg vun Hannover op Bremen gefuer.
1 MIHKELS Madis Intermarché - Circus - Wanty 3:59:49
2 VAN POPPEL Danny BORA – hansgrohe 0:00
3 HERMANS Quinten Alpecin-Deceuninck 0:00
4 BAUHAUS Phil Bahrain – Victorious 0:00
5 VERNON Ethan Soudal - Quick Step 0:00
6 JEANNIÈRE Emilien TotalEnergies 0:00
7 ARANBURU Alex Movistar Team 0:00
8 ZABEL Rick Israel - Premier Tech 0:00
9 PEDERSEN Mads Lidl – Trek 0:00
10 BRAMBILLA Gianluca Q36.5 Pro Cycling Team 0:00
38 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:00
1 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 13:19:43
2 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates 0:11
3 SIVAKOV Pavel INEOS Grenadiers 0:13
4 VAN POPPEL Danny BORA – hansgrohe 0:16
5 ARANBURU Alex Movistar Team 0:17
6 VERMAERKE Kevin Team dsm – firmenich 0:18
7 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team 0:21
8 POLITT Nils BORA – hansgrohe 0:22
9 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech 0:23
10 HERMANS Quinten Alpecin-Deceuninck ,,
21 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:53