BinckBank Tour - 3. EtappMads Pedersen wënnt am Sprint an iwwerhëlt d'Féierung am General

RTL Lëtzebuerg
Nodeems déi 2. Etapp wéinst de Corona-Restriktiounen an Holland net konnt gefuer ginn, sinn d'Coureuren en Donneschdeg nees op de Vëlo geklommen.
© AFP (Archiv)

Iwwer 157 Kilometer ass et e Mëttwoch op der 3. Etapp vum BinckBank Tour vun Aalter op Aalter gaangen. Um Enn huet sech de Mads Pedersen am Sprint d’Victoire geséchert. Den Dän huet sech virum Belsch Jasper Philipsen an dem Däitschen Pascal Ackermann behaapt.

Neie Leader am General ass elo de Mads Pedersen. Zweeten ass de Jasper Philipsen.

D’Lëtzebuerger Alex Kirsch, Jempy Drucker, Kevin Geniets an Tom Wirtgen sinn am Peloton an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Am General ass den Alex Kirsch den 33. an de Jempy Drucker den 43.. Si hunn e Retard vu 16 Sekonnen op de Leader. De Kevin Geniets an den Tom Wirtgen hunn als 61. respektiv 68. e Retard vun enger Minutt an 8 Sekonnen.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Pedersen Mads Trek - Segafredo 50 50 3:26:11
2 Philipsen Jasper UAE-Team Emirates 20 30 ,,
3 Ackermann Pascal BORA - hansgrohe 8 18 ,,
4 van Poppel Danny Circus - Wanty Gobert 13 ,,
5 Merlier Tim Alpecin-Fenix 10 ,,
6 Štybar Zdeněk Deceuninck - Quick Step 7 ,,
7 Laporte Christophe Cofidis, Solutions Crédits 4 ,,
8 Sénéchal Florian Deceuninck - Quick Step 3 ,,
9 Manzin Lorrenzo Team Total Direct Energie 2 ,,
10 Vanmarcke Sep EF Pro Cycling 1 ,,

De General

1 2 ▲1 Pedersen Mads Trek - Segafredo 8 6:25:21
2 1 ▼1 Philipsen Jasper UAE-Team Emirates ,,
3 48 ▲45 Rickaert Jonas Alpecin-Fenix 0:07
4 4 - Ackermann Pascal BORA - hansgrohe 0:08
5 3 ▼2 Teunissen Mike Team Jumbo-Visma 0:11
6 5 ▼1 van der Poel Mathieu Alpecin-Fenix 0:13
7 6 ▼1 Lampaert Yves Deceuninck - Quick Step ,,
8 8 - van Poppel Danny Circus - Wanty Gobert 0:16
9 13 ▲4 Merlier Tim Alpecin-Fenix ,,
10 12 ▲2 Manzin Lorrenzo Team Total Direct Energie ,,

Back to Top
CIM LOGO