
E Méindeg ass et op der 6. Etapp vun Tirreno-Adriatico iwwer 169 Kilometer vu Castelraimondo op Lido di Fermo gaangen. D’Echappée huet et um Enn bis op d’Arrivée gepackt. Hei hat de Mads Würtz Schmidt d’Nues vir. Den Dän huet sech virum Belsch Brent van Moer an dem Italiener Simone Velasco behaapt.
De Sprint vum Peloton huet de Belsch Tim Merlier virun den Italiener Davide Ballerini a Max Kanter gewonnen.
Den Tour-de-France-Gewënner Tadej Pogacar läit weider un der Spëtzt vum General. Den 22 Joer ale Slowen läit eng Minutt a 15 Sekonne virum Belsch Wout van Aert.
Seng zweete Schlussvictoire vun der Saison kann de Pogacar en Dënschdeg am 10,1 Kilometer laangen Eenzelzäitfueren zu San Benedetto del Tronto perfekt maachen.
De Kevin Geniets ass op der 6. Etapp als 134. op dräi Minutten an 13 Sekonnen ukomm. Am General ass hien elo den 107. op 54 Minutten an 19 Sekonnen. De Jempy Drucker ass d’Etapp net op en Enn gefuer.
1 WÜRTZ SCHMIDT Mads Israel Start-Up Nation 3:42:09
2 VAN MOER Brent Lotto Soudal ,,
3 VELASCO Simone Gazprom - RusVelo ,,
4 BAKELANTS Jan Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 13 ,,
5 OLIVEIRA Nelson Movistar Team ,,
6 LIEPIŅŠ Emīls Trek - Segafredo 0:25
7 MERLIER Tim Alpecin-Fenix 1:09
8 BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,
9 VIVIANI Elia Cofidis, Solutions Crédits ,,
10 KANTER Max Team DSM ,,
1 1 - POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 26:24:59
2 2 - VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 1:15
3 3 - LANDA Mikel Bahrain - Victorious 3:00
4 4 - BERNAL Egan INEOS Grenadiers 3:30
5 5 - FABBRO Matteo BORA - hansgrohe 3:54
6 6 - WELLENS Tim Lotto Soudal 4:30
7 7 - ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 4:42
8 8 - BARDET Romain Team DSM 5:03
9 9 - NIBALI Vincenzo Trek - Segafredo 5:54
10 10 - YATES Simon Team BikeExchange 6:58