Mallorca ChallengeMarc Soler viru Gregor Mühlberger vu Pollença op Andratx

RTL Lëtzebuerg
De Jempy Drucker ass d'Course net op en Enn gefuer, iwwerdeems war den Alex Kirsch net un den Depart gaangen.
© Twitter ChallengeMca

Op der virleschter Etapp vum Mallorca Challenge 2020 goung et e Samschdeg fir d’Coureuren iwwer iwwer knapp 169 Kilometer vu Pollença op Andratx. Mam Jempy Drucker war och ee Lëtzebuerger um Depart, hie sollt d’Course awer net op en Enn fueren.

Op enger vallonéierter Etapp mat insgesamt 5 Montéeë war d’Victoire um Enn fir de Spuenier Marc Soler, dat 11 Sekonne virum Éisträicher Gregor Mühlberger. Als 3. huet den Italiener Davide Villella de Podium completéiert, säi Réckstand louch bei iwwer enger Minutt.

Back to Top
CIM LOGO