Cyclocross-Championnat zu DikrechMarie Schreiber a Loïc Bettendorff an de Favoritterollen

Tom Flammang
E Sonndeg ginn zu Dikrech déi national Championen am Cyclocross gesicht. De VC Dikrech huet en attraktiven an iwwersiichtlechen 2,6 Kilometer laange Parcours preparéiert.
Marie Schreiber a Loïc Bettendorff an der Favoritteroll
Cyclocross-Championnat zu Dikrech

Fir d’lescht gouf op deem selwechte Site am Joer 2008 e Cyclocross gefuer. Besonnesch interessant ass de Biergop am Bësch, dee ville Leit aus dem Eurocross dierft bekannt sinn. E Sonndeg wäert déi éischt Course um 11 Auer gefuer ginn. D`Course vun de Männer bei der Elite/Espoirs wäert um 15.15 Auer gestart ginn.

Bei den Damme geet d’Marie Schreiber als grouss Favorittin un den Depart. Hir eenzeg Konkurrentinnen heeschen Nina Berton a Maïté Barthels. No enger Blessur huet sech déi aktuell Championne nees zréckgekämpft a konnt zu Diegem an der Belsch, um Enn vum Joer, op eng staark zweete Plaz fueren. An der Espoirs-Course bei de Fraen ass d`Liv Wenzel no hirer Victoire beim Cross zu Péiteng favoriséiert an huet déi bescht Chancen op den Titel, muss sech dofir awer géint d`Layla Barthels duerchsetzen.

Sou gëtt gefuer
Sou gëtt gefuer
© VCD

Bei de Männer schéngt bei der Elite kee Wee laanscht de Loïc Bettendorff ze féieren. Seng Géigner heesche Ken Conter a Raphaël Kockelmann. Spannend kéint et bei den Espoire ginn. De Mil Morang hat op deene leschte Crossen hei am Land seng Konkurrenz am Grëff, muss awer besonnesch op de jonke Lennox Papi oppassen, deen dacks net wäit hannendru war. Och de Rick Meylender, de Jonathan Kalweit, de Yannis Lang an de Jonah Flammang Lies kéinten eng Roll ëm d’Podiumsplaze matspillen. Bei de Juniore gesäit et no engem Duell tëscht dem Ben Koenig an dem Ben Fleming aus, den Dawson Fehlen Pereira kéint deenen zwee e Stréch duerch d`Rechnung maachen.

Bei de Juniorinnen huet d`June Nothum déi beschte Kaarte fir den Titel ze gewannen. Bei de Débutants an Débutantes kann ee sech eng oppe Course erwaarden. An der Masters Kategorie dierften de Pol Weisgerber, de Claude Wolter an den Tommy Arnoldy ganz uewen um Podium stoen.

Hei fannt Dir all Infoen zum Championnat am Cross:

Guide-technique-VCD-Championnats-CX-2026.pdf

Back to Top
CIM LOGO